Numm |
lb: Lougaass, Op der Muerbels fr: Rue Mohrfels |
---|---|
Fréieren Numm |
fr: Rue des Tanneurs (bis 1925)[1] Rue Mohrfeltz, Mohrfeltzstrasse[2] |
Längt | ca. 650 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Pafendall |
Postcode | 2158 |
Koordinaten |
49° 36’ 51.3’’ N 06° 07’ 58.7’’ O |
D'Rue Mohrfels ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft westlech vun der Uelzecht vun der Bréckergaass laanscht den Hospice civil an d'Muerbelsmillen bis bei de Schluechtwee.
Den Numm vun der Strooss geet op d'Bezeechnung "rupes moronis" zeréck[3], eng Mentioun déi een an enger Urkund vun 1384 vun der Abtei Mënster fënnt[Source?]. Als Moirfeltz in Dunbuschel gëtt et eng Referenz an engem Dokument vu 1499[2].
Den éischten Deel, vun der Bréckergaass bis bei de Päerdswee heescht op lëtzebuergesch „Lougaass“. Dësen Numm geet op d'Lou zeréck, déi an de Gierwereie laanscht d'Uelzecht benotzt gouf. Als Referenz op d'Gierwereien huet d'Strooss bis 1925 Rue des Tanneurs geheescht[2]. Den ëstlechen Deel gëtt „Op der Muerbels“ genannt.